The tradition & historical record
2 min read · 2 sourcesRock the South ass e Museksconcours fir Nowuessbands, deen zënter 2009 all Joer zu Péiteng ofgehale gëtt. 1
Prinzip
De Rock the South gëtt vun der Jugendkommissioun vun der Gemeng Péiteng zesumme mam Service national de la jeunesse (SNJ) organiséiert. En ass eemol d'Joer am Home St-Hubert zu Péiteng. En adresséiert sech u jonk Amateursrockgruppen, déi nei an der lëtzebuergescher Musekszeen sinn. Fir kënne matzemaachen, muss op d'mannst d'Hallschent vun de Museker zu Lëtzebuerg wunnen an d'Altersmoyenne vun all de Bandmembere muss op d'mannst 15 Joer a maximal 25 Joer sinn. All Joer maache véier oder fënnef nei Gruppe mat. Donieft trëtt och nach en "Headliner" op, eng aner Lëtzebuerger Grupp, déi schonn etabléiert ass. Lidder mat rassisteschem, homophoben oder sexisteschem Contenu ginn ausgeschloss, an all Grupp dierf maximal 30 Minutten op der Bün spillen. Duerno wielt eng Jury de Gewënner aus, a bewäert d'Gruppen no der Originalitéit vun de Lidder, Charisma a Presentatioun, musikaleschem Talent, Kontakt an Interaktioun mam Public, a Promotioun vun der Grupp am Virfeld. De Gewënner kritt d'Méiglechkeet, en Album oder eng EP an engem professionelle Kader opzehuelen, an däerf beim Rock the South d'Joer drop nees hors Concours optrieden. Den SNJ wielt dann och e Gewënner, deen um nächsten On Stéitschfestival dierf optrieden. 1
The text above is adapted from the Wikipedia article “Rock the South”, available under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 4.0 licence. 1
Rock the South is Péiteng music competition, according to the structured record cited below. This entry was generated automatically from that record and has not yet been reviewed by a person familiar with the tradition. 2